Zum Haaptinhalt sprangen

Liesowend fir de Cycle 2-4

12.06.2023

Um Owend vum 09. Juni 2023 konnten d'Schülerinnen an d'Schüler aus de Cyclen 2-4 un engem Liesowend deelhuelen.

An dësem Kader kruten si wärend enger Rei Stonnen a verschiddenen Atelieren ganz ënnerschiddlech Aktivitéiten proposéiert, déi all un den Alter vum jeeweilege Cycle ugepasst waren. D'Elterevertrieder hunn an der Paus dofir gesuergt, dass keen hongreg an duuschtreg bliwwen ass.

Ee besonnesch grousse Merci geet un d'Elterevertrieder, un den Organisatiounscomité vun dësem Event, un all eis Virlieserinnen a Virlieser an un eis Gemeng, déi alleguer fläisseg bei der Organisatioun vun dësem flotten Owend gehollef hunn.






» Fotoen

Dagesmenü

Gudden Appetit

Login