
Déi geckeg Kueben vu Feelen an der First-Lego-League-Finale op der Schoulfoire
30.04.2026D’Geckeg Kueben vu Feelen hunn am Schouljoer 2025/2026 mat vill Motivatioun un der First Lego League deelgeholl. Dëst Joer stoung d’FLL ënnert dem Thema vun der Archäologie (UNEARTHED).
Den 26. Februar hunn si sech um Campus Geesseknäppchen fir d’Finale vun der Schoulfoire qualifizéiert an domat eng Plaz ënner den 24 beschten Ekippen erreecht – aus iwwer 90 Ekippen, déi deelgeholl hunn
Bei der First Lego League ginn d’Equippen an verschiddene Beräicher bewäert: de Robot Game, wou de Lego-Roboter Aufgaben op engem Spillfeld léise muss; den Robot Design, bei deem d’Programméierung an d’Konstruktioun analyséiert ginn; de Fuerschungsprojet, wou eng innovativ Iddi presentéiert gëtt; an natierlech och d’Core Values, also Teamgeescht, Zesummenhalt a Fairness.
D’Geckeg Kueben hunn am Kader vun hirem Projet ee Modell vun enger App entwéckelt, mat där all Mënsch zu Lëtzebuerg archäologesch Funder einfach melle kann. D’Iddi war, datt Spadséiergänger, Bauaarbechter oder Hobby-Entdecker séier eng Foto, d’Positioun an eng Beschreiwung kënnen eroplueden, sou datt d’Archäologen vum INRA (institut national de recherches archéologiques) direkt informéiert ginn. Sou kéinten wichteg historesch Spuere besser geschützt an dokumentéiert ginn.
Fir hire Projet hunn d'Schüler en Interview mat der Madame Sarge, Archäologin beim INRA, gemaach. Si huet hinnen erkläert, wéi archäologesch Fuerschung funktionéiert a wéieng Problemer si bei hirer Aarbecht begéint. D’Kanner hunn dobäi vill nei Saache geléiert an hu gemierkt, datt Technologie an Geschicht keng Géigesätz sinn. Och hunn si mam Jan Thommes geschwat, een Archäologie-Student vu Freiburg.
Nieft dem Projet hunn d’Geckeg Kueben och vill Zäit an hire Lego-Roboter investéiert. Si hunn zesumme programméiert, getest, Feeler gemaach an ëmmer nees verbessert, sou dass si an der Qulifikatioun den 26. Februar wéi och an der Finale den 19. Abrëll jeweils iwwer 300 Punkten gesammelt hunn.
D’Participatioun un der First Lego League war fir d’Geckeg Kueben vu Feelen eng immens flott Erfarung. Si hunn net nëmme vill iwwer Robotik an Archäologie geléiert, mee och iwwer Zesummenaarbecht, Kreativitéit an Ausdauer.
» Fotoen
