
De Kuebebongert hëlleft beim Télévie
18.04.2026Freides owes, de 17. Abrëll huet een Deel vum Kuebebongert an der Kees, beim Gedrénks a beim Grill gehollef.
Samsdes, den 18. Abrëll hate mir als Léierpersonal eng Kaffisstuff. Vill Eltere vu Kanner aus dem Cycle 1 hunn eis Kuche gebak…Villmools merci dofir❤️
Och mir hunn eng ganz Rei Kuche gebak sou datt mir eng schei gefëllte Bakstuff haten.
Well vill Leit de Wee an den Hennesbau net fonnt hunn, si mir mat enger Auswiel u Kuchen a mat Kaffi op engem Weenchen bei d‘Leit gefuer. Mir haten all vill Spaass.
De kreinenden Ofschloss war dann d‘Scheckiwwerreechung vum Kuebebongert (Schoul, Maison relais a Crèche) vu 26.146 Euro an dono dee risegrousse globale Montant vun 140.000 Euro vir den Télévie.
» Fotoen
